Wat eng Frechheet!

Wéi vernennt Dir d’Leit?
Stëmmt elo of!

Wéi vernennt Dir d’Leit?

Stëmmt elo of!

Déi méi frech Säit vun der Sprooch

Et gëtt kaum Wierder, déi d’Leit an enger Sprooch méi interesséieren ewéi d’Frechheeten. Dat ass och am Lëtzebuergeschen net anescht: Net fir näischt ass d’Kategorie mat de Frechheeten eng vun de beléiftsten am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD).

LOD

Frechheete si mol méi a mol manner spatz Wierder, déi gebraucht ginn, fir eng aner Persoun ze bezeechnen – meeschtens, fir se ze beleidegen.

Op dëser Säit fannt Dir sechs Illustratioune vu Frechheeten, déi – jee no Kontext – mol méi harmlos, mol méi gewot kënne sinn, an déi Dir och kënnt eroflueden.

Virun allem awer gëtt et e Voting, bei deem Dir fir Är Liblings-Frechheete kënnt ofstëmmen.

Maacht elo mat!

Buch

Dir wëllt nach méi Frechheeten? Dann ass deen aachte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz genee dat Richtegt: Vun Dräibiz bis Vullemätti. 117 Frechheeten, déi sëtzen.

An dësem Band stinn d’Frechheeten an der Vitrinn: Hei fannt Dir 117 Wierder, mat deenen Der Ärem Vis-à-vis kënnt soen, wat Der vun em haalt – emol méi gepeffert, emol méi mat engem Schmunzelen. Wéi schonn déi viregt Bänn aus der Serie ass och dëse Band flott illustréiert.

Dir kritt en an de Librairien an iwwer Letzshop.lu ze kafen.

Kontakt –
Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)

Dir wëllt eis eng (léif!) Fro stellen?