Dateschutzpolitik

 

 

1. Responsabel fir d’Dateveraarbechtung

De Responsabel fir d’Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeën op dëser Websäit ass:

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
163, rue du Kiem
L-8030 Stroossen
Lëtzebuerg
E-Mail: info@zls.etat.lu

2. Sammele vu perséinlechen Donnéeën

Am Kader vum Benotze vun dëser Websäit kënne follgend Donnéeë gesammelt ginn:

  • Numm
  • Virnumm
  • Telefonsnummer
  • E-Mail-Adress
  • Fräi formuléiert Messagen (Kontaktformulaire)

Fir d’Participatioun un engem Concours:

  • Numm
  • Virnumm
  • E-Mail-Adress

3. Zweck vun der Veraarbechtung

D’Donnéeë ginn aus follgende Grënn gesammelt:

  • Fir op Ufroe via de Kontaktformulaire ze äntweren
  • Fir d’Participatioun un engem Concours ze erméiglechen
  • Fir d’Verwaltung vum Concours an d’Auslouse vun de Gewënner
  • Fir d’Kommunikatioun am Kader vum Concours

D’Donnéeë ginn net fir Marketing- oder Reklammzwecker benotzt.

4. Rechtsgrondlag

D’Veraarbechtung vun den Donnéeë baséiert op:

  • Der Zoustëmmung vum Benotzer (Kontaktformulaire a Concours)
  • Dem legitimmen Interessi vum Organisateur fir d’Gestioun vum Concours

5. Späicherdauer vun den Donnéeën

  • Kontaktformulaire: D’Donnéeë ginn nëmme per E-Mail geschéckt an net op der Websäit gespäichert. Se bleiwen esou laang an der E-Mail-Inbox, wéi et dauert, fir d’Ufro ze traitéieren.
  • Concours: D’Donnéeë ginn nëmme fir d’Dauer vum Concours gespäichert an direkt nom Auslouse geläscht.

6. Deele vun den Donnéeën

Perséinlech Donnéeë ginn net verkaaft, verlount oder un Drëttpersoune weiderginn.

Se kënnen ausschliisslech vun technesche Servicer veraarbecht ginn, déi fir de Fonctionnement vun der Websäit néideg sinn.

7. Datesécherheet

D’Websäit setzt adequat technesch an organisatoresch Moossnamen an, fir d’Donnéeë géint Verloscht, Mëssbrauch, onerlaabten Zougang oder Verëffentlechung ze schützen.

D’Formulairë sinn duerch Google reCAPTCHA geschützt, fir automatiséiert Participatiounen a Spam ze verhënneren.

8. Cookien

Dës Websäit benotzt nëmmen technesch Cookien, déi strikt néideg si fir de Fonctionnement, notamment:

  • D’Sprooch-Astellung vun der Websäit

Et gi keng Tracking- oder Reklamm-Cookien agesat (keng Tools ewéi Google Analytics, Facebook Pixel oder aner Tracking-Tools).

9. Rechter vun de Benotzer

Am Aklang mam Dateschutzreglement (RGPD) huet de Benotzer follgend Rechter:

  • Recht op Zougang zu den eegenen Donnéeën
  • Recht op d’Korrektur vun dësen Donnéeën
  • Recht op d’Läsche vun dësen Donnéeën
  • Recht op d’Limitatioun vun der Veraarbechtung
  • Recht op Widdersproch

Fir dës Rechter auszeüben, kann de Benotzer sech u follgend E-Mail-Adress wenden:
info@zls.etat.lu

10. Kontakt

Fir all Froen zu dëser Dateschutzpolitik oder zu der Veraarbechtung vun den Donnéeën:

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
E-Mail: info@zls.etat.lu

11. Ännerungen

Dës Dateschutzpolitik kann zu all Moment aktualiséiert ginn, fir legal oder technesch Ännerungen ze berücksichtegen.

Déi aktuell Versioun ass ëmmer op dëser Säit verfügbar.