1. Organisateur
D’Gewënnspill gëtt organiséiert vum:
Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
163, rue du Kiem
L-8030 Stroossen
Lëtzebuerg
E-Mail: info@zls.etat.lu
2. Dauer vum Gewënnspill
D’Gewënnspill fänkt den 29. Juni 2026 un a geet bis de 26. Juli 2026 um 18:00 Auer.
3. Participatiounsbedéngungen
D’Gewënnspill ass op fir all Mënsch.
Jiddereen däerf esou oft matmaachen, wéi e wëllt; et kann awer kee méi ewéi ee Kaddo gewannen.
4. Participatiounsmodalitéiten
D’Participatioun geschitt iwwer de Formulaire nom Voting op der Websäit, deen dofir virgesinn ass.
D’Participantë mussen dës Donnéeën uginn:
- Numm
- Virnumm
- E-Mail-Adress
Onvollstänneg oder falsch Donnéeë kënnen als ongëlteg ugesi ginn.
5. Auswiel vun de Gewënner
D’Gewënner gi per Auslousung (Tirage au sort) bestëmmt. Fir dës Auslousung ginn all déi valabel Participatioune consideréiert.
6. Präisser
Et ginn e puer Gewënner ausgewielt.
D’Präisser bestinn aus Kaddoen.
D’Präisser kënnen net a Boergeld ausbezuelt oder géint aner Produiten oder Servicer ausgetosch ginn.
7. Informatioun vun de Gewënner
D’Gewënner gi per E-Mail kontaktéiert.
Am Fall vun enger Net-Äntwert ass keng strikt Frist virgesinn, mee den Organisateur behält sech d’Recht vir, en neie Gewënner ze bestëmmen.
8. Perséinlech Donnéeën
D’perséinlech Donnéeën, déi am Kader vum Gewënnspill gesammelt ginn, ginn ausschliisslech benotzt fir:
- d’Gestioun vun de Participatiounen;
- d’Bestëmmung vun de Gewënner;
- d’Kommunikatioun am Kader vum Gewënnspill.
D’Donnéeë ginn nëmme fir d’Dauer vum Gewënnspill gespäichert a ginn direkt nom Auslouse geläscht.
D’Donnéeë ginn net fir Marketing- oder kommerziell Zwecker benotzt.
9. Responsabilitéit
Den Organisateur kann net verantwortlech gemaach gi fir technesch Problemer, Stéierungen oder Ënnerbriechunge vum Site, déi d’Participatioun um Gewënnspill verhënneren.
10. Gültegt Recht
Dëst Gewënnspill ënnerläit dem Lëtzebuerger Recht.
All Sträitfäll am Zesummenhang mat der Interpretatioun oder der Ausféierung falen ënner d’Zoustännegkeet vun de Lëtzebuerger Geriichter.
